KicheConcept stands for custom design kitchens in Luxembourg – for those who don’t want ordinary, but something truly unique. Hutt Dir ugefaange mat Bauen oder wëllt Dir Är aktuell Kichen an Ärer Wunneng oder an Ärem Haus ëmänneren? Da gitt Dir hei ganz genee gewuer, wéi Dir Iech am beschte sollt uleeën. Zu Lëtzebuerg dauert een Neibau an der Reegel ëm zwielef Méint. Esoubal Dir d’Pläng vun Ärem B
au hutt, kënnt Dir ufänken no enger Kichen ze sichen. Deen Ament kënne mir nämlech zesumme mat Iech kucken, ob vläicht eng Mauer soll geréckelt, eng Fënster méi héich gesat oder d’Rouer vun der Hott propper an der Chape verstoppt soll ginn. Dës wichteg Detailer kënnen nëmmen am Ufank vum Opbau geännert ginn an droe vill zu engem super Design a Funktionalitéit an Ärer Dramkiche bäi. Fir de Montage an engem Neibau brauche mir d’Pläng vun Ärer Kichen. Hutt Dir d’Pläng net, dann huelt wann ech gelift d’Moosse vun de Raimlechkeeten: Längt, Déift, Héicht, Moosse vun den Dieren a Fënsteren, esou wéi och d’Markéierunge vun den elektreschen a sanitären Uschlëss. Op Wonsch komme mir och gären op d’Plaz kucken. Nodeems Dir d’Kiche bestallt hutt, kommen eis Leit d’Moosse genee huelen. Wann Dir bis bei eis am Geschäft sidd, kënne mir direkt lassleeën. Am éischte Schrëtt zeechnen eis Innenarchitekten zesumme mat Iech d’Grondrëss vun Ärer Kichen op der Hand op. Dobäi siche mir d’Faarwen, d’Geräter an all déi aner Detailer zesummen eraus. Am zweete Schrëtt gëtt de Kicheplang an héijer 3D Optik um PC faarweg projezéiert, wat Iech ee geneet Bild vun Ärer neier Kiche gëtt. Wéi gesäit eisen Devis aus? Dir kritt vun eis eng ganz exklusiv Prensentatiounsmapp, wou déi faarweg Pläng a Fotoqualitéit an déi ganz Detailer vun der Kiche, mat de verschiddene Präisser, drasinn. No der Bestellung
… kritt Dir vun eis d’Optragsbestätegung an d’Installatiounspläng vun Ärer neier Kichen. Dës Pläng kënne mir Iech natierlech och per E-Mail zoukomme loossen. Liwwerzäiten a Montage
Am normale Fall hu mir eng Liwwerzäit vun aacht Wochen. Bei besonnesch aussergewéinleche Kichen (z.B. Mod Wave T.S.) kann d’Liwwerzäit awer variéieren. Am Fall, wou Dir Är Kiche ganz dréngend bräicht, kënne mir op Nofro hin, verschidde Modeller och méi séier geliwwert kréien. Flexibilitéit
Eng MK Kiche léisst sech faarflech perfekt mam Wunnraum ofstëmmen. Egal ob Trendfaarf oder eng klassesch Faarf, eng MK Kichen offréiert déi klengst Faarfnuancen. Wiem dat alles nach net genuch ass, dee kann och d’Kante vu senger Front faarflech ervirhiewe loossen. Wëllt Dir amplaz vun enger Dekorfront léiwer eng lackéiert, dann ass dat an all Faarftoun méiglech. Wann Dir eis ee Muster gitt, kënne mir de Faarftoun unhand vun där Virlag hierstellen. Folgend Lackfläche ginn et: glate Mattlack, Strukturlack an Héichglanzlack. Bei MK Kiche ginn et awer och vill speziell Fronten, wéi zum Beispill aus Bëtong, Steen, Glas, krazfest Fronten, Fronte mat Biller asw. Dës Villfalt kënne mir och opbréngen, wann et ëm d’Ergonomie geet. Eis Schief loossen sech duerch ee Patent geschützte System net nëmmen an der Héicht, mee och an der Breet op den Zentimeter genee upassen – dat fannt Dir soss bei kengem anere Fabrikant. Deemno kann Är nei Kiche perfekt un Iech an un Äre Wunnraum ugepasst ginn, ouni de Sockel méi héich mussen ze maachen oder grouss Blende mussen z’installéieren. Tiräng & Jarnéier
Eis Tiräng kënnen op Wonsch entweder mat Säitendeeler aus Metall oder aus Glas bestallt an och mat duebele Schinne montéiert ginn – doraus ergi sech déi verschiddenst Bannenusiichten. De praktesche System vun den Airmatic-Amortisöre garantéieren, datt d’Tiräng ouni Geräischer op an zou ginn. D’Tiräng kënne mat bis zu 80kg belaascht a jee no Material bis op eng Längt vun 2 Meter d’Stéck konzipéiert ginn. D’Fronte vun den Tiräng kënne mat just engem Handgrëff lassgemaach ginn, wat et erméiglecht d’Schief bannen ze botzen oder bei Schied d‘Fronten z’ersetzen. Korpus
All d’Deeler, net just d’Fronten, sinn aus 19mm décke Placken (normalerweis sinn et 16mm) a mat 2mm décken ABS-Virkanten hiergestallt. Dowéinst ass eng gréisser Stabilitéit vun de Schief an dem Ophänkmechanismus garantéiert. Op Wonsch kënne mir all iewescht Schief bannen, baussen an an där Faarf, déi Iech gefält, geliwwert kréien. Och déi iewescht Schief, déi mat metalle Schinne sécher un der Mauer montéiert sinn, hunn 19mm déck Réckwänn. Den Ophänkmechanismus sëtzt verstoppt hannert der Réckwand an ass vu bannen net ze gesinn. An de festen Ecker an de Schief leeë mir ronn Wëschecker, wouduerch sech d’Schief vill méi liicht propper halen. Spullsteen flächenbündeg
Dës speziell Montéierungsweis erméiglecht et, datt de Spullsteen ouni Fouen a komplett bündeg mat enger Résopal Aarbechtsplack montéiert gëtt. De Bord vun der Spull läit deemno net ënnert der Aarbechtsplack, mee exakt op der nämmlechter Héicht dovun. Esou bleift et absolut dicht, wat mir Iech garantéieren. Keen anere Kichebauer beherrscht dës Abauweis mat esou enger Perfektioun. Montage
De Montage vun Ärer Kiche läit eis besonnesch um Häerz. Dowéinst gëtt de Montage nëmme vun eisen eegenen, speziell ausgebilte Schräiner, mat laangjäreger Erfarung am Kichenopbau, gemaach. Eis Monteure gi stänneg a Formatiounen a ginn do op nei Technicke geschoult. Och bei eisem Aarbechtsmaterial hu mir net gespuert, well dat Bescht ass eis just gutt genuch. Kleng Ëmännerunge vu Waasserleitungen a Stroumuschlëss kënne mir och vir Iech virhuelen. Iwwregens kënnt Dir mat all eise Mataarbechter lëtzebuergesch schwätzen: vum Montage bis an d’Direktioun. Bei eis ass de Client de Kinnek, well mir hu verstanen, datt zefridde Clienten déi beschte Publizitéit sinn. Ee grousse Merci un all déi Leit, déi eis viru recommandéieren! Dampgarer & Sous-Vide
Een Dampgarer ass ee ‚Must‘ fir all Kichen! Ob Single, Hausfra oder Hausmann, Hobbykach oder Kach fir déi ganz Famill: jidderee kann et léieren, well et gëtt näischt méi Liichtes. All séchs Woche bidde mir eise Clienten eng Virféierung vum Dampgarer un an dat mat groussem Erfolleg. Mat der ganz neier Funktioun vum sous-vide Garen, kënnt Dir Äert gesond Iesse virbereeden an den Dag, wou et giess gëtt, nëmmen nach kuerz opwiermen. Och, wann Dir vill Besuch erwaart, kënnt Dir e puer Deeg virdrun alles preparéieren an hutt esou kee Stress den Dag selwer. An eisen neie Raimlechkeeten zu Bartreng verbrénge mir zesumme mat Iech ee gesellegen Owend mat vill Spaass. Gudden Honger a gutt Laun – just dees musst Dir matbréngen. Fir de Rescht suerge mir. D’Gerät, dat mir Iech virstellen, ass de Kombigarer mat der sous-vide Funktioun vun der Mark AEG. Dat ass een normale Schäffche mat der zousätzlecher Funktioun vum Dampgaren, ouni awer ee Waasseruschloss ubréngen ze mussen. Deemno kënnt Dir Ären ale Schäffche duerch de Kombigarer ersetzen. Hutt Dir elo Interessi doru kritt? Da mellt Iech hei. Kommt mir kachen zesumme méi gesond a probéiert mat eis, wéi gutt dat schmaacht.